Déi éischt Gemengeconciergerie zu Lëtzebuerg mécht hir Dieren um Briddel op

Fir déi ronn 4.400 Awunner aus der Gemeng Koplescht bei der Gestioun vun hiren alldeeglechen Aufgaben ze hëllefen an ze ënnerstëtzen, hunn de Schäffen- a Gemengerot no engem Konzept gesicht, fir ee spezifesche Service op d'Been ze stellen deen op déi verschidde Besoine vun den Awunner agoe kann.

Als Resultat ass déi éischt kommunal Conciergerie am Land entstanen ; een exklusive Kontakt fir eng sëlleg Servicer op déi d'Awunner am Alldag ugewise sinn. Zousätzlech ass ee Kiosk vun der Post an der Conciergerie integréiert ginn, wou d'Leit hire Courrier kënne verschécken a Päck siche goe kënnen.

D'Conciergerie huet den 21. August seng Dieren opgemaach a gouf den 28. September offiziell a Presenz vum Buergermeeschter, Här Thierry Schuman, vun de Schäffen, Här Josy Popov an Här Raoul Weicker, vum Gemengerot, vum Direkter vu POST Courrier, Här Mario Treinen, vun der Generaldirektesch vu Sympass, Madamm Elodie Wehrlé, an aneren Acteuren a Partner vun der Gemeng Koplescht ageweit.

D'Gamme vu Servicer déi ugebuede ginn ass breet: Botzerei a Retusche vu Kleeder, Schousteraarbechten, Versuergung vun Autoen (Pneue wiesselen, contrôle technique,...), Autowäsch, Bestellung a Liwwerung vu Parfümerieartikelen a Blummekompositiounen, Billjeeë fir Fräizäitaktivitéiten an ee klenge Buttek mat Kaddoen.

Am integréierten Espace vun der Post kënnen d'Awunner och Artikele fir hir Post (Enveloppen, Timbercarneten) kafen, Bréiwer a Päck verschécken, Timberen drécke loossen a Päck a Recommandéë siche goen.

Een exklusive Concierge ass sur place fir de Leit zur Säit ze stoen a Propositioune fir all Demande, déi ufale kann, ze fannen.


Conciergerie vun der Gemeng Koplescht

76, rue de Luxembourg · 8140 Bridel

Vu méindes bis freides · 13h30 - 19h30

Telefonsnummer: 27 327 327

E-Mail Adress: conciergerie@kopstal.lu