Generalversammlung bei der Amiperas Koplescht/Briddel

Viru kuerzem hat d’Amiperas Koplescht/Briddel hir uerdentlech Generalversammlung. No enger häerzlecher Begréissung vun der Presidentin Annette Baudot huet de Sekretär Ady Becker iwwert d’Aktivitéite vum Joer 2022 bericht an de Keesier Camille Graas huet e ganz detailléierte Finanzbericht presentéiert. Och d’Suzzette Graas gouf fir seng gutt bak Konschte mat engem Bouquet Blumme geéiert. Fir déi offiziell Formalitéiten ofzeschléissen, huet eise Buergermeeschter Thierry Schuman dem Veräin felicitéiert an eng gutt Fortsetzung fir 2023 gewënscht. Mat gudder Stëmmung goung d'Versammlung

mat Kaffi, Kuch a Fueskichelcher weider.