Häckelprojet
um weitere Bilder zu sehen.
Wéi kann e klengen Quadrat zu engem grousse Häerz ginn?
Haut invitéieren ech Iech, un engem eenzegaartegen an solidaresche Projet deelzehuelen.
Zesumme wëlle mir dat gréisst Häerz vu Lëtzebuerg realiséieren.
E Häerz, dat aus Dausende vu klenge Gesten, Kreativitéit a Solidaritéit entsteet.
Wéi kënnt Dir matmaachen?
Et ass ganz einfach.
Fir déi 25 Joer vum Télévie:
👉 Dir häkelt oder steckt fest e Quadrat vu 25 op 25 Zentimeter,
👉 aus roude Kotteng,
👉 d’Motiv ass fräi.
All Quadrat stellt eng Persoun, eng Famill, eng Geschicht an eng Hoffnung duer.
Wann Dir net häkle kënnt:
👉 Dir kënnt och einfach en Don maachen,
👉 oder een fannen, deen e Quadrat fir Iech häkelt.
Wann Dir en Don vu 25 € un Télévie gemaach hutt, schéckt oder bréngt Dir Äre Quadrat bis den 4.4.2026 op dës Adress:
Diane Wunsch – Coordinatrice Télévie
Projet: E grousst Häerz
RTL Lëtzebuerg
43, Boulevard Pierre Frieden
L-1543 Lëtzebuerg
oder an der Haaptreceptioun vun dem Cactus Belle Etoile.
👉 Dir kënnt den Don och direkt op der Plaz maachen.
All d’Quadrater ginn duerno zesummegesat, fir e risegt Häerz ze bilden.
Dëst Häerz gëtt op enger symbolescher Plaz opgehaangen.
Maacht mat, eleng, mat Frënn, an der Famill, mat Ärer Klass oder Ärer Associatioun…
Maacht mat beim gréisste Häerz vu Lëtzebuerg.
Äre Quadrat zielt.
Well jidderee kann enges Daags betraff sinn.
Zesumme verwandele mir kleng Quadrater an e grousst Häerz.
Fir d’Fuerschung. Fir d’Liewen. Fir Télévie.
IBAN: LU88 1111 1970 0090 0000
BIC / SWIFT: CCPLLULL
Beneficiaire: Fondatioun KIWANIS-Télévie
Mention: Häckelprojet „E grousst Häerz“