D'Tilly an de René Winandy-Hoffeld hu gëllen Hochzäit gefeiert

Viru kuerzem hunn d'Tilly an de René Winandy-Hoffeld vu Bruch am Krees vun hirer Famill hir gëllen Hochzäit am beschtbekannte „Restaurant Steinmetz“ zu Bech gefeiert.

D'Tilly Hoffeld ass den 22. Abrëll 1939 zu Berbuerg an de René Winandy den 1. Februar 1939 zu Bruch op d'Welt komm. Si hu sech den 1. August 1962 zu Bruch an der Kapell bestuet. D'Koppel huet zwee Meedercher, d'Vicky an d'Edmée, a véier Enkelkanner: de Guy an den Tom, de Joe an d'Conny. (C.)