Special Olympics Letzebuerg bei den " 2012 Liechtensteiner Winterspiele "

Vum 27.01. bis den 29.01.2012 huet eng Delegatioun mat 6 Athleten an 3 Betreier un den "2012 Liechtensteiner Winterspiele " zu Malbun deelgeholl.
Um Programm stung den 28.01. den" AS Alpine Advanced Super G (B)" . Eis Athleten hun hirt Bescht gemeet an dobai sen des Resultater an hire jeweiligen Divisiounen zustanne komm :


Div. 2 eng 6. Platz an enger Zeit vun 32.74 fir den HAAS Guy
Div. 4 eng 6. Platz an enger Zeit vun 58.28 fir den HOFFMANN Aly
Div. 5 eng 3. Platz an enger Zeit vun 40.54 fir den EISCHEN Laurent
Div. 5 eng 2. Platz an enger Zeit vun 39.01 fir den BINTENER Sven
Div. 6 eng 6. Platz an enger Zeit vun 41.91 fir den LESIRE Alastaire
Div. 7 eng 5. Platz an enger Zeit vun 46.66 fir TOEX Kelly

Nodems dun e Samsdeg den Owend d Liechtensteiner Wanterspiller 2012 offiziel vun der Prinzessin Nora vun Liechtenstein eroeffnet goufen stung dono nach e geselligen Ofschloss mat Iessen an Danzen um Programm.

Sonndes den 29.01. stung dunn den "AS Alpine Advanced Giant Slalom (B)" um Programm . Bleiwt nach ze erwaehnen datt bei Special Olympics Schicompetitiounen et am Fall vun engem " Sturz " esou ass datt den Athlet wann en sech nick verletzt huet erem sou seier wei meiglech ob seng Schi klemmt an d Course zu Enn fiert egal wei Zeit an d Platzeierung ass . Wei sott de Mann um Mikro " Bei diesen Special Olympics Athleten koennten sich viele normale Sportler ein Beispiel nemmen am Kampfgeist und am Siegeswillen "
Ewei den Motto vun Special Olympics esou schei seet :

" Loss mech gewannen . Wann ech net gewannen kann , loss et mech weinegstens versichen "

Hei d Resultater vum Sonndeg :

Div. 3 HAAS Guy 01:03.08 3. Platz
Div. 5 BINTENER Sven 01:12.70 2. Platz
Div. 6 EISCHEN Laurent 01:17.07 3. Platz
Div. 6 LESIRE Alastaire 01:17.20 5. Platz
Div. 7 TOEX Kelly 02:37.52 6. Platz ( Kelly war gefall )
Div. 8 HOFFMANN Aly 01:20.17 1. Platz

Domadder huet Team Letzebuerg dei diesjaereg " Liechtensteiner Wanterspiller " mat engem Bilan vun : 4 x Rang 6
2 x Rang 5
3 X Bronze
2 x Selwer
1 x Gold ofgeschloss.

Special Olympics Letzebuerg gouf vertrueden durch : BINTENER Sven , EISCHEN Laurent , HAAS Guy , HOFFMANN Aly , LESIRE Alastaire fir d Jongen an durch TOEX Kelly fir d Meedercher , als Betreier waren derbei den GARSON Jerry , RISTOK Holm an TOEX Franz .

Weitere Neuigkeiten von Toex François >