Scheckiwwerreechung un d‘Associatioun “Schrëtt fir Schrëtt”

4 jonk Meedercher aus der Gemeng Lenneng hu fläisseg fir de gudden Zweck gebak. Hier lecker Kichelcher hunn si un d’Awunner aus der Gemeng verkaf.


Bei dëser Aktioun ass déi stolz Zomm vun 968,50 € zesumme komm. D’Sue sinn integral un d‘Associatioun “Schrëtt fir Schrëtt” gaangen.


Rezent war d‘Scheckiwwerreechung zu Kanech.

De Schäfferot huet déi virbildlech Initiativ vum Elina, Laura, Madeleine an dem Rachel ausdrécklech gelueft an huet den Don op 1 300,00 € opgeronnt.