D'Mamerschoulen spenden 3841,50 Euro

Zerguttst hunn d'Kanner aus den Mamerschoulen fir de gudden Zweck gesammelt. 2.841,50 koumen am Dezember bei der Chrëschtfeier um Campus Capellen an beim Liichten an de Schoulklassen vum Campus Kinneksbond an am CIPA Mamer zesummen. Dofir hunn déi Mamer Schoulkanner aus dem Précoce an der Spillschoul awer och d'Précoce-Kanner vun der Cap hir Lidder ganz schéin gesongen.

Munch Elteren hunn bei där aparter Aktioun gären nach eppes drop geluecht. D'Gemeng Mamer huet och ee léiwe Geste gemaach andeems se de Betrag em 1.000 Euro op 3841,50 Euro gehéicht huet, deen elo der Aarbecht vun "Femmes en détresse - Service d'assistance aux victimes de violences domestiques" zeguttkënnt.

De Schäffen Luc Feller huet déi flott Traditioun vu Liichtmëssdag an der Schoul ervirgestrach an de Kanner erklärt dass si eng besonnesch Aufgab iwwerholl hunn, fir sech fir Leit anzesetzen, deenen et net esou gutt geet. Donieft huet de Schäffen vun der Gemeng Mamer déi exzellent partnerschaftlech Zesummenaarbecht tëscht den zwou Maisons relais'en, den eenzelnen Schoulen zu Mamer an op der Cap, der Présidence an dem Schoulcomité ma och den Elterenvertrieder gelueft.

Déi stellvertriedend Schoulpräsidentin Maryse Baden huet alle Kanner, dem Léierpersonal, der Maison relais, den Elterenvertrieder an de Portieren Merci gesot. Verschidde Klassen wiren esou guer nach duerch d'Duerf liichte gaangen, fir de Montant ze erhéigen. Zwou Stellvertriederinnen vun Femmes en détresse hu sech déif beandrockt gewisen vun de Kanner hirem Asaz.