Am Virfeld vu Mammendag wëlle mir all de Mamme Merci soen, déi hier Kanner eisem edukativen Team vu Munzen a vu Rammerech uvertraut hunn. Dat ganzt Team mécht säi Bescht, fir si all Dag esou gutt wéi méiglech ze encadréieren an hinnen eng héchstméiglechst Liewensqualitéit ze bidden. Och op de reegelméissege Kontakt zur Famill gëtt Wäert geluecht. Zesummen, schafe mir bessert Liewen.