Airport Cents

Eng weider Themespillplaz gëtt et säit enger kuerzer Zäit um Zens. Op der Heed sou heescht déi Strooss wou des gelonge Spillplaz mam Thema Fluchhafen situéiert ass. Hei fënnt een eng Spillplaz déi komplett aus Holz hiergestallt ginn ass. Si bidd vill Méiglechkeete fir ze kloteren, rutschen an ze schaukelen. Des Plaz ass ronderëm zou, sou dass d'Elteren sech et kënnen op enger vun deene ville Sëtzplaze gemittlech maachen an hire Sprösslinge beim Spillen nokucken.