Bichermaart zu Zéisseng - Summer Editioun - Marché aux livres à Cessange

Samschdes, de 16. Juli 2022 vu 14.00 - 20.00 Auer a Sonndes, de 17. Juli 2022 vun 9.30 - 17.00 Auer am Centre Culturel zu Zéisseng organiséieren déi Zéissénger Veräiner endlech neess e Bichermaart. Hei fannt Dir Second-Hand-Bicher op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franzéisch oder Englesch, triéiert den Themen an de Sproochen no.


Mam Erléis vun eisem Bichermaart wëlle mir Kanner a Jonken uechter d’Welt erméiglechen, an d’Schoul ze goen, ze studéieren an e Beruff ze léieren.

Projeten, déi mir dës Kéier ënnerstëtzen: Caritas: Chantiers éducatifs pour jeunes - CSI-Lëtzebuerg: Projet au Congo RDC - Région du lac Kivu

Avec le bénéfice de la vente des livres, nous voulons permettre à des enfants et des jeunes partout dans le monde d’aller à l’école, de suivre des études ou une formation.