Virukënnegung: E Foto-Virtrag am Centre Culturel zu Zéisseng iwwert eng Rees an den Nepal an an den Tibet


E Mëttwoch, 7. Mäerz organiséieren d'Chantres de St. Joseph e Foto-Virtrag am Centre Culturel zu Zéisseng iwwert eng Rees an den Nepal an an den Tibet. Gewise gi Biller iwwert d'Natur, d'Mënschen an d'Kultur am Kathmandu an Emgéigend. Et si Fotoen mat spektakulären a grandiose Landschaften.
Dauer: cirka 2 Stonnen mat enger klenger Paus.
Den Entrée ass fräi, mee mellt Iech wegl un ënnert: summer@internet.lu, oder : mwelter@athol.lu, oder, mpduprel@pt.lu
Wann Iech de Virtrag gefall huet a wann Dir wëllt, kënnt Dir um Enn ee klengen Don maache fir: Les Amis du Tibet Luxembourg Projet Ecole de Bir Tibetan Children's Village. Heimatt ënnerstëtzt Dir den Opbau vu Schoulen fir tibetesch Flüchtlingen an Nordindien.