Zéisseng: "Soirée Culturelle 2021"

Déi Zéissenger Gesang- a Musekveräiner invitéieren e Freideg , 08 Oktober ëm 20.00 Auer op hier "Soirée vocale et instrumentale" an de Centre Culturel 1, rue St. Joseph. Et wierke mat: d'Chantres de St. Joseph Zéisseng, Direktioun Pascale Philippy, Piano Elena Vitel; d'Chorales d'Hommes Réunies Lëtzebuerg, Direktioun Josée Faltz, Piano Grégoire Baumberger; d'Harmonie Municipale Hollerich-Luxembourg/Gare-Zéisseng ënner der Direktioun vum Bastien Lorgé. Fräien Entrée.

Den Owend steet ënner dem régime CovidCheck.


Photo: Chorales d'Hommes Réunies Lëtzebuerg