Zéissénger Duerffest den 20. Mee 2012


Den 20. Mee, vun 10.00 - 18.00 Auer ass nees Zéissénger Duerffest ugesot mat enger Rutsch vu flotten Atelieren an Aktivitéiten, déi besonnesch fir jonk Familljen interessant sinn. Nomëttes, vun halwer zwou un, hu mir z. B. en Atelier fir selwer Fliger ze bastelen an awer och, dëst Joer fir d'éischt, konnte mir de SuperSpillMobil vun der SuperDrecksKëscht fir Biirger fir eist Fest reservéieren. Déi Responsabel vum SuperSpillMobil bréngen eng Rutsch Spiller mat, déi eleng oder am Grupp kënne gespillt ginn (Wierfelspiller, Quiz, Taascht-Spiller, Emweltspiller). Als Belounung fir d'Matmaachen gëtt et, niewent dem Spaass, och nach e klenge Gadget fir mat heem ze huelen.
De ganzen Dag iwwer kënnen d'Kanner sech am Sprangschlass midd hoppsen. E Floumaart fir Grouss a Kleng an de Bicherdësch wäerten och net feelen.
D'Strëpp vun der Hollerécher Musek spillt e Concert Apéritif an ëm 16.00 Auer spillt de Kitchen Quartet mat traditionneller irescher Musek op.
Fir de Menu du jour ze reservéieren , kënnt Dir Iech bis de 16. Mee umellen iwwert den Telefon: 48 96 47 oder 37 84 25. Dir kënnt och en e-mail schécken un: yvette.schulte@pt.lu.
De ganzen Dag iwwer servéiere mir awer och Gedrénks, Gegrilltes, Fritten, Zaloten oder Pâtisserie.
Kommt laanscht kucken a maacht Iech e gemittléchen Dag mat der Famill zu Zéisseng um Duerffest!