Maria Theves-Lommer feiert hiren 100sten Geburtsdag

De 14. Dezember 2023 huet Maria Theves-Lommer hiren 100ste Gebuertsdag an da Résidence des Ardennes zu Clierf gefeiert.


Madamm Theves-Lommer war frou, aus den Hänn vum Familljeminister Max Hahn den „Ordre de mérite“ vum Grand-Duc entgéint dierfen ze huelen a bäi engem Glas Schampes am Krees vun hirer Famill, da Gemeng Parc Housen an da Präsidentin vum Verwaltungsrot op hire scho laange Liewenswee zeréckzekucken.


De 14. Dezember 1923 ass Madamm THEVES-LOMMER zu Alschent als drëtt vu fënnef Geschwëster op d’Welt komm. De 17. Februar 1958 huet si sech mam Här Jean-Pierre Theves vun Holztem bestuet, wou si zesummen de Bauerenhaff iwwerhuelen. Aus dem Bestietnis ginn 2 Kanner ervir – ee Jong an eent Meedchen. Nieft der Aarbecht um Haff, hëlt d’Maria Theves-Lommer sech awer och Zäit fir hire grousse Gaart, fir Handaarbechten an och fir ze molen. An den 1980er Joren kënnt, dank véier Enkelkanner, d’Roll als Bomi mat derbäi.


Nom Dout vum Jean-Pierre Theves am Joer 1999, deen si gutt versuergt huet, gëtt d’Maria vun hire Kanner an Enkelkanner ëmsuergt, bis si mat 90 Joer decidéiert op Clierf an d’Altersheim ze goen, wou déi mëttlerweil zweefach Urbomi sech bis haut ganz wuelfillt. Mme Theves-Lommer erfreed sech gudder Gesondheet an ass bis haut nach ganz aktiv.

Weitere Neuigkeiten von Maison De Retraite Résidence Des Ardennes >