Ausfluchsweekend op Freibuerg mat Besuch bei d'Muttergottes am Europapark (Rust)

09
Sep
2023
09 Sep 10 Sep

Endlech ass et souwäit! Mir fueren d’Scheedges Muttergottesstatu an den Europapark op Rust (D) besichen. Kommt a fuert all mat!
E puer flott Momenter hu mir zesumme mat “Kirche im Europapark” virbereet. Natierlech bleift och Zäit fir den Europapark selwer ze bewonneren a puer méi schëtzeg Ronnen ze fueren!
Depart: Samsdes, den 09.09. ëm 6.30 Auer zu Konsdref bei der Sportshal
Retour : Sonndes, den 10.09. géint 22.30 Auer zu Konsdref bei der Sportshal

Fir déi, di elo net grad souvill Stonnen am Europapark verbrénge wëllen, ass virgesinn samsdes op Freiburg ze fueren.

Samsdesowes iesse mir all zesummen am Hotel Colosseo am Europapark (italienesche Buffet) an dee ganze Grupp iwwernuecht am Europa-parkhotel “El Andaluz **** ” (mat Gratisbenotze vum Aussepool, der Saunalandschaft “Marrakesch” an der Kannerwaasserspillplaz “Pueblo del Agua”.

Sonndesmoies feiere mir zesumme Mass am Europapark a kréien natierlech een Abléck an d’Aarbecht vu “Kirche im Europapark”.

Uschléissend dierf jiddereen den Europapark bewonneren, ganz no senger Loscht a Laun bis 18 Auer am Park verbréngen (Spiller, Showen, Paraden, historesche Parkdeel besichen, sech am gemittleche Schlossrestaurant bei live-Musek verwinne loossen asw.).

Präis: gëtt individuell matgedeelt. Abegraff: Busrees mat den Taxen, Assurancen, Parking, Entrée, Iwwernuechtung an der Héichsaison, Owesiesse-Buffet a grousse Moieskaffibuffet am Hotel. Täschegeld braucht Dir fir d’Mëttegiessen (samsdes a sonndes), am Park resp. zu Freiburg.
No der Umeldung kritt Dir vun eis e Bréif, wou mir Iech genee matdeelen, wat Dir ze bezuelen hutt. D’Umellung ass réischt fix, wann Dir bezuelt hutt.

Mir hunn eng gewëssen Unzuel vun Zëmmeren am Hotel virreservéiert. Wat Dir Iech méi séier fir dëse flotten Tour aschreift, wat mir Iech och vill méi sécher Är Zëmmerpreferenz erméigleche kënnen. Umeldeschluss ass egal wéi de 15.04.2023!


Opgepasst – ganz wichteg:
Mannerjäreger dierfen nëmmen a Begleedung vun engem Elterendeel /Familljemember mat. Am Fall wou keen Elterendeel matfiert, mee ee Familljemember: w.e.gl. eng “Autorisation parentale” op der Gemeng fir dee Weekend ausstelle loossen. Dëst ass wichteg, am Fall wou ee Mannerjärege an d’Klinik muss, fir datt iwwerhaapt dann een dës Persoun begleede kann. Dofir muss och den Numm vun der “Bomi/Bopi/Monni/Tatta oder soss engem Tuteur” op der Autorisation parentale dobäi stoen.
Falls een herno awer net matgoe kann: bäi enger Ofmellung behale mir eis déi Onkäschten zréck, déi bis zur Ofmellung ugefall sinn.

An der Hoffnung, datt mir ee flotte Weekend zu Rust verbrénge kënnen a mat frëndleche Gréiss am Numm vum Komitee vun den Oeuvres St. Barthélemy,

Organisatioun: Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf


All weider Informatiouen:

stbarthelemy@cathol.lu an op eiser Homepage:
https://web.cathol.lu/rubrique1902