Adventsfënsteren 2026
Opruff fir matzemaachen – Aktioun „Adventsfënsteren 2026 an der Gemeng Konsdref“
D’ASBL “Oeuvres St Barthélemy Consdorf” proposéiert och dëst Joer fir d’Adventszäit d’Aktioun „ADVENTSFËNSTEREN“ zu Gonschte vun engem gudde Wierk. Dee ganzen Dezember erduerch bis op Hellegowend kënnt Dir all Dag eng nei Adventsfënster an der Gemeng bewonneren.
Et ginn zwou Méiglechkeete vu Fënsteren:
- „Stëll Fënster“: hei gëtt eng dekoréiert Fënster vun 18.00 Auer un ouni weider Aktivitéit gewisen
- „Lieweg Fënster“: hei gëtt och vun 18.00 Auer un eng dekoréiert Fënster gewisen. Zousätzlech empfänkt ee Leit bei sech fir zesummen ze poteren, sech besser kennen ze léieren an dobäi vläicht Musek lauschtert, eng Geschicht erzielt kritt, eppes zesummen drénkt, gemittlech e Maufel zesummen ësst, bei engem Lagerfeier steet ...
All Owend, wann d’Fënster gewise gëtt, kann een d’Aktioun mat enger Geldspend an eng Këscht ënnerstëtzen. Den Erléis gëtt integral un e gutt Wierk weidergereecht.
Dir hutt Freed um Dekoréieren?
Da kommt a maacht mat! Dekoréiert eng vun Äre Fënsteren an der Adventszäit! Umelle kënnt Dir Iech bis de 15. Oktober 2026 mat enger Mail op advent@pt.lu oder um Telefon 621622 511.
Fir alles genee z’organiséieren - wie wéini seng Fënster weise wëll, wéi eng Associatioun mir mam Erléis ënnerstëtze wëllen, Klärung vu ville méigleche Froen, ... - treffe mir eis fir eng Informatiouns-versammlung dënschdes den 20. Oktober 2026 (genee Auerzäit a Plaz ginn zur Zäit matgedeelt).
Uschléissend un dës Versammlung publizéiere mir ee Plang, wou wéini eng Fënster “opgeet”.
Als groussen Ofschloss proposéiere mir Iech fir sonndes den 10. Januar 2027 am Nomëtteg zesummen ze feieren an den Erléis z’iwwerreechen.