d'Männer a Pappen Konsdrëf feieren 30 Joer

Op der Generalversammlung vum März 2020 hun d’Männer a Pappen vu Konsdrëf op een erfollegräicht Joer zréckgekuckt mat denen üblechen Keelenowender; Laftreffen; enger Segelvakanz; enger Schihvakanz an dem traditionnellen Summercamp zesummen mat de Kanner an Enkelkanner am Eisléck. Fir 2020 ass nieft denen üblechen Aktivitéiten, eng gréisser Feier fir den 30 sten Anniversaire um Summercamp geplangt an den 23 an 24 Oktober ass ee Cabaret-Owend mat eegenen Texter a Lidder programméiert.