Männer a Pappen Konsdrëf - Cheque Iwwerreeschung

Konsdrëf, den 27.02.2015

D’Männer a Pappen vu Konsdrëf hun am Kader vun hierer 25 ter Generalversammlung, zesummen mat der Firma Husstec vu Konsdref, e Freideg den 27.02.2015 ee Cheque vun 1.500 € un den “Dépannage Social Regioun Iechternach“ iwerreecht.

1.000 Euro stellen de Benefice vun dem Stand vun de Männer a Pappen op den Duerffester 2013 an 2014 duer a 500 Euro kommen vum Stand vun der Firma Husstec vum Duerffest 2013.

De President vun de Männer a Pappen, Bausch Mars konnt d’Presidentin vum Dépannage Social d’Mme Malou Hartmann-Bemtgen, den Här Puraye Paul vum Fifty-One souwéi de Senior-Chef vun Husstec, de Claude Huss, begréissen fir de Cheque ze iwerreechen. Hien sot allen Memberen ee grousse Merci fir hieren Asatz um Stand beim Duerffest. De Koordinator vun dem Stand, den Hoffmanns Willy, verdengt ee spezielle Merci.

D’Mme Malou Hartmann-Bemtgen huet Merci gesot fir den Don an huet den Service vum Dépannage Social viergestallt an betount dass des Souen gut fir Leit aus der Regioun déi dringend an onbürokratesch Hellef brauchen, agesat gin.

Den Här Puraye Paul huet d’Männer a Pappen félicitéiert fir desen sympatesche Geste an huet erklärt dass de Fifty-One seinerzeit dat heescht 1983, mat un der Grënnung vum Dépannage Social bedeelegt war.

Reportage a Photo vum Malou Poos


Fir weider Renseignementer steet de Mars Bausch (691 423 075) Iech natierlech gär zur Verfügung