Randonnée "Echappée" : 8.472€ goufen gespent un d'ONG "Le Soleil dans la Main" !

De 7. Mee 2023 huet déi zweet Editioun vun der Randonnée « Echappée » zu Consdorf stattfonnt, organiséiert vun enger jonker vëlosbegeeschterter Equipe ronderëm de Phillippe Reuland, dee virun zwee Joer eng impressionnant Charityaktioun gestart hat. Do goung et drëms 124 Biergpäss an der Schwäiz mam Vëlo ze fuere bannent engem Joer a ronderëm déi Aktioun Suen ze sammele fir virun allem Kanner a jugendlecher an Afrika eng Méiglechkeet ze ginn, Accès op en Vëlo ze hunn. Seng Visioun? Eng Welt wou jiddwereen d’Virdeeler vum Vëlo als ëmweltfrëndlecht Transportmëttel, souwéi fir den Zougang zu Educatioun, Gesondheetsversuergung a Sport ka profitéieren.


Mat senge Frënn, Daniel Foeteler, Nicolas Schmitz, Anne Homan, Chris Weyland, Matthias Heck an Alex Engeldinger huet hien dës flott Aktioun, 2022 zu Consdorf gestart. Dëst Joer waren och nees vill Leit, souwuel Kompetitiounsvëlofuerer, wéi Ufänger um Start fir mat Gläichgesënnten an enger Grupp dëse flotte Vëlostour ënnert anerem duerch ze Mëllerdall ze fueren. Dëst Joer huet sech d’Echappées-Team dofir entscheet sämtlech Recetten (Aschreiwungsgebühr, Sponsoring, Iessen & Gedrénks, Merchandise) integral un d’ONG Le Soleil dans la Main ze spenden. Et ass déi stolz Zomme vun 8.472€ zesumme komm.


Dës Sue ginn elo am Burkina Faso agesat fir ville Kanner a Jugendlechen et ze erméiglechen an d’Schoul ze goen, eng Ausbildung ze kréien an och dat néidegt Material finanzéiert ze kréie fir duerno selbstänneg an d’Beruffsliewe kënnen ze starten. Dobäi handelt et sech ausschliisslech em Kanner déi a grousser Nout a Gefor sinn, ënnert anerem Stroossekanner, Kanner déi physescher a psychescher Gewalt ausgesat sinn.


Ee grousse Merci un all déi fräiwëlleg Mataarbechter déi fläisseg eng Hand mat ugepaakt hunn bei den Inscriptiounen, Ravi’en, Gedrénks- an Iessstänn an un den Organisatiounscomité vun der „Echappée“.


Ee grousse Merci geet awer och virun allem un all d‘Velosfuehrer an d‘Sponsoren, déi mat hirer super Leeschtung an hire generéise Spenden dëse formidabelen Don iwwerhaapt méiglech gemaach hunn.