Scheck Iwwerreechung vum Fan Club "Roude Léiw" un Fondation „Wonsstär“

Den 21.03.2026 hat de „Fanclub Roude Léiw“ hir alljärlech Generalversammlung am Restaurant „O Pastor“. Bei dëser Geleeënheet ass e Scheck vun 2000,00 Euro un Fondation Wonschstär iwwerreecht ginn. Dës Sue, sinn aus dem Erléis vum Chrëschtmaart zu Konsdref, wou e puer vun eisen Damen, selwer gebake Kichelcher, Rum-Kugelen a Knippercher verkaaft hunn. Villmools Merci och un all déi Leit, déi bei eis akaaft an dozou bäigedroen hunn, fir dëse generéisen Don ze erméiglechen, Et war eng schéin Zomm zesumme komm an opgeronnt gouf de Betrag aus der Club Kees.