Scheckiwwereechung 2023

Scheckiwwereechung

An enger klenger gemittlecher Feierstonn gouf den 08.Juni 2023 vun enger klenger Delegatioun vun de “Jeunes Mamans Konsdrëf” an de “Massendénger Gemeng Konsdref” ee Scheck vun 2 000 € un d’Associatioun “op de Patten” iwwerreecht.

Dës éischter nach jonk Associatioun (https://www.solina.lu/facilities/op-de-patten/) gegrënnt vun engem Bierger aus eiser Gemeng, bekëmmert sech ëm Kanner, déi vill Problemer hunn. Kanner ginn therapeutesch mat Déieren behandelt fir datt et hinnen nees besser geet.

Déi 2 000€ vum Scheck setze sech folgendermoossen zesummen:
* 1 500€ als Erléis vum Ouschtereeërverkaf vun de “Jeunes Mamans Konsdref”
* 500 € als een Deel vum Klibberloun vun de Massendénger a Klibberkanner vu Konsdref, Präiteler a Kolwent.

Jidderengem, deen eis op iergendeng Manéier bei eisen zwou Aktivitéiten ënnerstëtzt huet, ee grousse waarme MERCI.


Text a Foto: Jeunes Mamans Konsdrëf & Massendénger Gemeng Konsdref