Vernissage vun Konscht´dref 2015

Hei e puer Andréck vum Vernissage, den 27.03.2015 vu Konscht´dref 2015

Wann Dir nach net wësst, wat Dir dëse Weekend mache wëllt, da kommt op Consdorf, do ass de Weekend vum 28. an 29. Mäerz vu 14 bis 18 Auer déi 4 Oplo vu „Konscht’dref“, enger Konschtausstellung um Kuerzwénkel zu Konsdrëf mat 22 Kënschtler aus der Gemeng an der Ëmgéigend.

D’Kënschtler déi matmaache sinn:
Carine Boentges, Sonja Bordez, Ute Braschel, Martine Cannivy, Triny Cannivy, Marc Felten, Regina Giefer, Lucie Jäger, Joëlle Jung, Nathalie Kanizsa, Nathalie Kimmes ("Made by Diddy"), Evelyn Koenig, Maryse Kolwelter, Daniela Lampach, Nathalie Majerus, Gini Schiltz, Fabienne Trienekens, Henriette Weber, Monique Welter, Nugigerulus, d’Vereenegung „Konscht am Duerf“ an d’Maison Relais.
Ausgestallt gëtt:
Bijouen, Keramik, Teddybieren, Bitzarbechten, Fréijorsdeko, Mëttelalter, Acrylmolerei, Broderie an Upcycling, Gezei fir Kanner, Glaspärelen, Créations Métalliques, Luuchten, Kärekëssen.
Fir d’Kanner gëtt e Workshop vun der Maison-Relais offréiert.
Den Entrée ass fräi.
Organiséiert gëtt dësen Event vun der lokaler Kulturkommissioun.
Fotoen; cpoos