D' "Amicale Conter Pompjeeën" invitéiert op hiert Duerffest, den 30. August zu Conter am aale Schoulhaff.
Apéritiv ab 11:00
Um Menu, ab 12:00:
Fierkelshämchen mat gebootschte Gromperen an Zalot (25€)
oder Veggie-Zalot (10€) op Bestellung iwer den 35 82 10 resp. iwer Mail op weimera@pt.lu oder jungguy@pt.lu
De ganzen Daag iwer Gegrills a Fritten.
Sprangschlass fir d'Kanner, am Nomëtten Geschecklëchkeetsspill mat flotte Präisser.