Amiperas Noumer mat neiem Comité an zielt momentan 136 Memberen


Cruchten: Gutt besicht war déi desjährig Generalversammlung vun der Amiperas Sektioun Noumer am Veräinslokal zu Cruchten. No der Begréissung vum President Lucien Schaus a Wieder vu Merci ass och un di verstuerwe Membere geduecht gin. De Lucien Schaus, den no laange Joeren am Comité säi jëtzege Posten als President nët méi erneiert huet, gouf mat engem schéine Kado geéiert. Duerno ass d’Versammlung vum bleiwende Comité weidergefouert gin. Aus sengem Tätigkeetsbericht vum Romain Schroeder konnt ee feststellen, dat de Senioreveräin am Joer 2025 ganz aktiv war. Niewt 5 Portes ouvertes, enger Feier zu Dräikinnegsdag, engem Grillfest, Mammen- a Pappendag, der Journée du Grand Âge an enger Chrëschtfeier konnten d'Memberen eng ganz Reih vu flotte Momenter iwwert das ganzt Joer mateneen erliewen. De Comité hat insgesamt 13 Sitzungen. Ganz interessant war ze bemierken, dat d'Sektioun nit manner wi 63 nei Memberen konnt ophuelen an domadder elo am ganzen 136 Memberen zielt. Aus dem Finanzbericht vum Francine Schmit gong ervier, dat d'Geschäftsjoer mat engem Boni konnt ofgeschloss gin. D'Keeserevisoren Jos Aubart a Fränz Hoffmann hun di exakt Buchführung och bestätigt. Mat Freed huet d'Madame Buergermeeschter Sophie Diderrich an hirer Laudatio de Senioreveräin hire Luew ausgeschwaat, mat hire villen Aktivitéiten wesentlich zum kulturelle Plang wi och um Gemengeliewen bäizedroen. Op dem Wee sollen si och mat hirer gut gefëlltem Agenda zum Wuel vun hire Senioren och weiderfueren. De Programm fir d'Joer 2026 gesäit bis elo esou aus: Porte Ouvertes den 11. Mäerz, 15. Abrël, 20. Mee, 17. Juni, 16. September an den 11. November. Grillfest, den 8. Juli. Mammen-a Pappendag, den 14. Oktober an enger Chrëschtfeier, den 9. Dezember. Weider Aktivitéiten sin mol nach virgesin: Dagesausfluch héi am Land souwi ee Beaujolais Owend, den 20.November. Des Weideren kann d'Sektioun Noumer op 35 Joer Bestoen zerëck kucken. Mam Ophuelen vun den neie Memberen am Virstand: Michel Bingen, Nico Mersch a René Schabot gesäit de Comité momentan mat folgende Leit esou aus: Maria Souvigné- Muller, Francine Schmit- Muller, Romain Schroeder, Martine Kohnen- Fohl a Gisèle Schroeder- Dumont. An der nächster Comitéversammlung steet dann d’Posteverdeelung fir 2026 mat der Wiél vun engem neien President um Programm. (CR) (Foto: Charles Reiser)