Land unter - Seltener Anblick in Deiffelt

och am héijen Norden wéi lo hei zu Deewelt, wou Kirelbaach duerchleeft.

Dës Baach huet hiren Ursprong tëscht Lentzweiler an Deewelt, leeft iwer Dienjen, Lëlljen eroof op Béigen an hanner Brootebaach an d'Tëttelbaach.
Kirel ass iwregens de "Vorfluter" vun der neier Kläranlage wou aktuell zu Béigen gebaut gëtt.

Ech selwer an och kee vun den Duerfleit, och déi méi eeler Generatioun, hu je souvill Wasser hei an eise Wise gesi stouen wéi elo dëst Joër.

An et gëtt es all Dag méi. Waat nach virun iwer 1 Woch als harmlos oder normal fir de Wanter ausgesinn haat, - och wann et well e gudde Batz méi war wéi all di Joëre virdrun, huet sech weider verschlëmmert an et gëtt een einfach den Androck nët lass wéi wa guer kee Wasser géif oflaafen - all di Joëre virdrun ass d'Wasser awer alt zum gréissten Deel anzäiten fortgelaaf.

D'Kirel gesi mir jhust am Wanter - haaptsächlech Dezember bis Februar/März, de Rest vun der Zäit ass se unterirdesch, an d'Wise kanne beweed ginn.

Mee maat iech selwer e Bild - zum Verglach hun ech och nach 2 Fottoe vum Wanter 2010/2011 derbäi gemeet