D'Famill vum Dave Hendel virum "Hendel" Haus du Dellen

1869: 2 Bridder vun Dellen wanderen no Amerika aus

2017: Nokommen sinn zréck fir Lëtzebuerger ze ginn.

Dellen. 1869 sinn 2 Bridder, de Nicolas an de Phillip Hendel vun Dellen an Amerika ausgewandert an hunn hirem Brudder Jean-Nicolas de Bauerebetrib zu Dellen iwwerlooss. . Zu gläicher Zäit ass och de Jacob Busch vu Laaschent mat 8 Kanner ausgewandert, nodeem hien Land an Haff mat dem ganze Mobilier verkaaft hat. De Phillip Hendel huet sech mat engem vun de Busch Kanner, der Catherina Busch bestuet. 12 Nokommen vun dëser Koppel sinn lo op Lëtzebuerg komm, fir beim Justizminister eng Demande ze maachen, fir d ‘Lëtzbuerger Nationalitéit ze kréien: Den Dave Hendel mat senger Fra Jeannie , senge 4 Kanner Mike(51), Angie(50), Mary(47) a Bob(45) an deenen hir Famill.

D’ Famill vum Dave Hendel kënnt aus Minnesota an si hu vun hirem Tripp op Lëtzebuerg profitéiert, fir och nach aner Länner ze besichen: Vun Island op Amsterdam an Holland op Brugges an d’ Normandie a vun do sinn si op Lëtzebuerg komm. Hei zu Lëtzebuerg gong et no dem administrativen Deel duerch de Mëllerdall op Veianen, Esch/Sauer, Remerschen ënnert aneren fir d ‘Schéinheeten vun eisem klenge Land ze entdecken. Den Héichpunkt wor awer d Visite vum Heemechtshaus vun den Hendelen zu Delle wou si vun der Famill Braun empfaang goufen, déi Nokomme vum Jean-Nicolas Hendel sinn. Déi Visite gouf ofgeschloss mat engem Iessen mat de Cousinen a Kosengen vu Lëtzebuerg am Hennesbau zu Nidderfeelen.

Op hirer Rees huet d Famill sech awer och ganz intensiv beschäftegt mat Erënnerungen un deen éischten(Schluecht vun Ypern) an zweeten Weltkrich (Debarquement an der Normandie, battle of the Bulge zu Baaschtnech). Ee Besuch um amerikaneschen Militärkierfecht huet natierlech net dierfe feelen, well leng aus enger Hendel-Famill aus Amerika hunn 4 Jongen am 2. Weltkrich an der amerikanescher Arméi gedingt. Iwweregens huet een aus der Hendel Famill, d’ Julie Okenfuss am Joer 2000 ee Buch erausginn(The Hendel Family History and Genealogie) vun iwwer 350 Säiten vum Stammbam vun der ganzer Famill, a wou och Nokommen vun der Lëtzebuerger Säit erfaasst goufen. Firwat wëlle si sech Lëtzebuerger maachen? Aus villen !äntwerten hei déi vun engem Meedche vu 16 Joer, d’ Berit Hendel: Consider what our forefathers did and what they went through by leaving their family, went through the ocean and started that new live here in the states. We are simply going to honor what they did for us.