en neien Humpe fir d'Dikricher Béierfest

11
Mai
11 Mai

Am Mee 2023 gouf den Humpen, deen iwwer Jarzéngten d'Symbol vum Dikricher Béierfest war, Affer vu Vandalismus. Total onnéideg gouf den Humpen, deen 2018 réischt renovéiert gi war, komplett duerch Brandstëftung zerstéiert. D'Jungen aus dem Schluechthaus waren esou fein fir der Dikircher Musik en neien Humpen ze bauen an ze schenken!

Deen neien Humpe gëtt e Samsdig, den 11. Mee um 12.00 Auer op der Liberatiounsplaz ageweit. D'Musik spillt e puer flott Märsch a gëtt natierlech och e Patt beim Café Beim Frank zum Beschten!