Konveniat no 60 Joer vun der 1ère latine vum Dikrecher Kolléisch

31
Okt
31 Okt

Viru kuerzem hunn 14 fréier Primaner, déi 1966 hir Première zu Dikrech gemaach hunn, sech an hirer Schoul erëmgesinn. Si goufen begréisst vum Direkter Marcel Kramer, deen net gespuert huet mat interessanten Informatiounen iwwert dat aktuellt Liewen am LCD. Villes huet geännert am Laf vun de Joeren. Ganz interessant war d’Visite vum Bunker: Zur Zäit vum kale Krich, also zu hirer Schoulzäit, gouf ënnert engem Ubau een Atom-Bunker gebaut, dee bis 300 Leit ophuelen konnt, a glécklecherweis bis haut net gebraucht gouf! Den Dag gouf ofgeschloss bei engem gudde Maufel am Restaurant ‘Jardin du Portugal’. Hei goufen fréier Spichten an Anekdoten opgefrëscht vu Proffen a Schüler aus deenen 7 Joer déi si am LCD verbruecht hunn an et gouf sech RDV ginn fir d’nächst Joer.

Weitere Neuigkeiten von Nico Nosbusch >