" 2 an 4 Beenercher " an der Maison de la Culture Diekirch



Dikkrich: Gläich 4 Kënschtler stellen zur Zäit hir Wierker mam Thema „2 an 4 Beenercher “ an der Maison de la Culture zu Dikkrich aus. Ënnert den Exposanten zielen: Astrid Breuer, Janine Mailliet, Christophe Poissonnier an Armand Weber. D‘Astrid Breuer, dat héi säi Kënne mat fantasivollen a faarwegen Déiere- Skulpturen an der Keramik, zum Ausdrock bréngt souwi dem Janine Mailiet seng Iddi, déi aus enger witzig verspillter Geschicht besteet, di hat duerch seng Biller weist. De Christophe Poissonnier weist seng Biller an Zeechnungen op eng ganz flott Aart a Weis mam Zitat“ quand on observe les animaux, on s’aperçoit qu’ils nous ressemblent beaucoup ou le contraire“. Dem Armand Weber sain Hobby ass d’Realisatioun vu schéine Skulpturen aus echtem Éislécker Eechenholz. Di ganz sehenswert Ausstellung an der Maison de la Culture, op Nummer 13, rue du Curé zu Dikkrich an Zesummenaarbecht mam Schäffen- a Gemengerot an der Kulturkommissioun vun der Stadt Dikkrich mat fräiem Entrée ass vum 9. Mäerz bis zum 31. Mäerz an dat all Dag ausser Méindes, vun 10 bis 18 Auer op. D’Vernissagefeeier ass e Freiden, 8. Mäerz um 18.30 Auer. (CR (Fotoen: Charles Reiser)