75 Jar Velo Club Dikrich

Den 8. November 1950, war di ischt Comités-Sitzung vum Velo Club Dikrich am Cafe Martin Fischbach op der Dikricher Maartplaz. Fir dësen Anniversaire ze feieren, hat de VCD, 75 Jar duerno, op den Dag genee, eng ganz Rei (Ex-)Memberen, Frënn, Bénévoller a Perséinlichkeeten an d'Al Seeërei op Dikrich invitiërt, fir di 75 Jar Revue passiëren ze loossen a mi wi een hott rëm al Bekannter no laanger Zeit rëm gesin.

Zur Vergaangenheet gehiëren iwer 160 Organisatiounen, wi di 26 Soiréeën um Hometrainer, di fréier ganz beléift waren, 65 national, 16 international Stroossecourssen, 13 national Cyclocross a Mountainbike Courssen an och 35 Randonnéeë fir Cyclotouristen, dorënner di bekannt Randonnée Jempy Schmitz, di all Jar den 2. Sonndig am August ass.

Doneewent awer och di iwer 100 Départën an Arrivéeë vum Tour de Luxembourg.

Neierdings kommen och rëm Kanner-Mountainbike-Courssen (13.9.2026 an awer och ganz speziell d'Championnat am Cyclocross den 11.01.2026. D'Kiischt um Gebuertsdagskuch ass dann eng gruss Ausstellung am Dikricher Kulturhaus vum 9. bis den 31. Januar 2026.


Fotoën © Jeff Gloden