95. Gebuertsdag vum Här Marcel Poncin

De 14. November 2025 huet den Här Marcel Poncin zu Dikkrich am Servior “Bei der Sauer”, am Krees vu senger Famill, Vertrieder vun der Gemeng an dem Servior, säi 95. Gebuertsdag gefeiert. De Marcel Poncin, gebuer den 9. November 1930, lieft zënter 1956 mat senger Fra, der Madame Marie-Louise Poncin-Strotz, zesummen. Hien huet zwee Enkelkanner an zwee Urenkelen an erfreet sech enger gudder Gesondheet. Mir wënschen him all Guddes fir déi nächst Joren a soe gläichzäiteg e grousse Merci un all déi, déi sech Zäit geholl hunn, fir mat him ze feieren, an un all déi, déi dës Feier organiséiert hunn an hie gutt versuergen.