„Am Sacré-Coeur zu Dikkrech gouf virun kuerzem eng Gebuertsdagsfeier organiséiert, bei där all Bewunner, déi an de Méint Mee-August Gebuertsdag haten, am Mëttelpunkt stungen.
Bei dëser Geleeënheet goufen all déi Jubilare geéiert an et gouf op e puer agreabel Stonnen an enger gesellecher Atmosphär agelueden. Am Mëttelpunkt stung d’Freed zesummen ze sinn an et war eng flott Geleeënheet, fir zesummen e puer flotter Stonnen ze verbrengen. Den „Trio-Mélange“ huet fir eng flott musikalesch Stëmmung gesuercht an d’Bewunner konnten soumatt bei Kaffi a Kuch a ville flotte Gespréicher e puer schéiner Stonnen verbréngen.
Ee gousse Merci geet un eis Amicale aus dem Sacré-Coeur Dikrech fir déi wërtvoll Ennerstëtzung.
Mir wënschen féilictéieren vun dëser Plaaz aus nachemol all eise Jubilare a wënschen hinnen vill Gléck, Gesondheet a schéin Momenter fir dat neit Liewensjoer.“