D'Meedercher an d'Junge vum Jargang 1948 vun der Dikricher Primärschull, hu sech nees eemol zesummefond an dat op d'Invitatioun hi vun hire Komerodinnen a Komeroden aus fréierer Zait, dem Christine Fohl-Assa, dem Elvire Weber-Kohnen, dem Jean Lentz an dem Albert Schumacher.
Vill flott Erënnerungen a Spichten aus der Kandheet gufe beim Mëttigeessen am Restaurant Dahm zu Ierpedeng/Sauer opgefrëscht bis an de spiden Nomëttig.
Duerno war Rendez-vous zu Dikrich an der Heemichtsstad. Do guf a gemittlicher Ronn d'Zesummesënn mat engem klengem Maufel a guddem Dikricher Humpen bis an de spiden Owend era genoss.
Et war rëm ee flotte Konveniat!