Viru kuerzem hat d’Promotioun 1968-69 Latine - Moderne, Indus a Commerce vum Dikrecher Kolléisch hiren traditionelle Konveniat. De Programm huet ugefaang mat enger Visitt vum Musée Michel Lucius zu Rëmerech (Reimberg), wou de Jos Bormann, Guide am Musée Michel Lucius, senge fréiere Matschüler d’Liewen an d’Schaffe vum Geolog Michel Lucius, an och d’Geologie vu Lëtzebuerg, op eng kompetent an instruktiv Manéier erkläert huet. Duerno gouf et ee gemeinsaamt Mëttegiessen an der „Maison Rouge“ zu Sëll, wou bei engem gudde Maufel Erënnerungen opgefrëscht an aktuell Themen diskutéiert goufen. Nodeem och schonn d’Jalone gesat goufe fir deen nächste Konveniat, deen an zwee Joer soll sinn, ass dëse gesellege Moment sou lues zu Enn gaang.