"NOËL EN LUMIÈRE"

D'Entente vun den Dikricher Gesangsveräiner haten viru kuerzem op ee Chrëschtconzert ,,Noël en lumière" an der Dekanatskierch zesumme mam Blechbléiserensemble ,, Magnifica" an a Begleedung vum Maurice Clement a Christophe Nanquette invitéiert. Dirketioun gouf iwwerhol vum Andy Loor, Jean-Paul Majerus a Raymond Majerus. D'Solisten waren Gaby Wolter-Boever, Marc Dostert, Jean-Nico Schambourg, Manfred Logeling, Martine Lallemand, Karin Muller, Carine Weicherding a Christine Lallemand. D'Kierch war mat enger spezieller Beliichtung a Szen gesat ginn.