Raymond Majerus , schonn 30 Joer Dirigent vum Dikricher Cäciliechouer

Ufanks sollt de Raymond Majerus just fir eng Zäit säi Brudder Jean-Paul ersetzen , deen de Chouer als Nofollger vum laangjärigen Dirigent Norbert Daman an d’Jarhonnertfeier vum Veräin 1991 gefouert hat . Et sollt dunn awer net sou wi virgesi kommen : de Jean-Paul Majerus huet dee gesondheetlech ugeschloenen Dirigent vum Kathedralschouer René Ponchelet ersat an aus deem geplangten Interim vum Raym ass näischt ginn , well hien ass als Dirigent vum Dikricher Kierchechouer bliwwen an dat lo schonn 30 Jar laang, sou laang wéi keen aneren Dirigent virun him. An no eegenen Aussoen huet dat him ni Leed gedon an och lo nach huet hie vill Freed mam Chouer ze schaffen . Villes huet hien an där Zäit erreecht dank dem Asaz vun de Sänger an deem gudde Klima am Veräin . Dass de Veräin sou gutt duerch di letzt zwee Jar komm ass an ëmmer dat konnt ënnerholle , wat méiglich war , ass haaptächlich dem Sekretär a Caissier Fränz Schaack säi Verdéngst . No deen éischte Méint vun der Pandemie , wou am kulturellen a gesellschaftliche Liewen alles zréckgefuer war , huet hie ganz séier d’Initiativ ergraff fir de Chouer , ëmmer am Aklang vun de sanitäre Restriktioune ,weider funktionéieren ze don an d’Asätz vun de Sänger sou ze plangen , dat am Wiessel jiddereen zwee bis drei mol am Mount konnt drukommen . Et war dem Präsident Jean-Louis Guibert seng Missioun , am Kader vum Festeessen op Cäciliendag deenen zwee verdéngstvolle Membere fir hiren onermittlichen Asaz e grousse Merci ze son an dat mat engem passende Cadeau unzëerkennen. Weider goufe geéiert de Vizepräsident Jean-Nico Schambourg fir 30 Jar als Sänger am Cäciliechouer an de Leo Borschette , deen d’Aktivitéite vum Veräin bei ville Geleeënheeten am Bild festhält. (Foto: Gusty Pletschette)