Saengerbond Dikrich: Concert am Advent


D'Chorale Municipale Saengerbond Dikrich invitéiert Iech Samsdes, de 4. Dezember 2010 um 20.00 Auer op hiren traditionellen Concert am Advent op Dikrich an d'Al Kierch.
Um Programm stinn:
De Kyrie an de Gloria aus der Missa 3 in D vum Johann Nepumuk HUMMEL
an aner schéi Melodien déi Iech op Chrëschtdag astëmmen.
Begleedung: Jos MAJERUS
Direktioun: Raymond MAJERUS
Den Entrée ass fräi.
Mir géifen eis fréen Iech hei kënnen ze begréissen.

Weitere Neuigkeiten von Mady Bertemes >