TheBag.

D’Mini-Entreprise TheBag. aus dem Dikrecher Kolléisch lancéiert hier nei Kollektioun. Aus ale Bâchen déi TheBag. vun der Rockhal zur Verfügung gestallt kruten, loossen 8 Primaner hei am Land lokal Poschen, Schachtelen an aner Produiten hierstellen, dat ganzt am Sënn vum Développement durable an nei Produiten aus enger aler Matière hierzestellen. Produite vun TheBag. zeechnen sech duerch hier Eenzegaartegkeet zu engem attraktive Präis aus, bei deenen een sech duerch déi benotzte Matière och op eng gewësse Qualitéit verloosse kann. Aktuell kann een d’Produiten zu Dikrech an der Librairie Zimmer oder op Stänn vun der Mini-Entreprise TheBag. kafen. Déi nächst Stänn sinn:

*De Samschden 17.März an der Belle-Etoile zu Bartreng op der Vente en commun vun de Mini-Entreprisen

*De Samschden 24.März am Topaze zu Miersch.

Déi neisten Daten iwwert Stänn fënnt een och ëmmer op thebag-lcd.jimdo.com oder op der Facebook-Säit TheBag. (fb.com/thebag.lcd).