Waasserballer vum CNDiekirch zu Borculo (NED)

Den Weekend vum 8.-10.6.2012 huet den CNDie un engem internationalen Wasserball-Tournoi zu Borculo (bei Enschede, NED) deelgeholl.

Dest ass en Mega-Tournoi mat bal 80 Equipen aus NED, DEN, GBR, DEU.

Gespillt goufen, op 4 Terrain'en an engem Fräibad (bei niddregen Temperaturen, souwuel Loft- wéi och Waassertemperatur) 190 Matcher.Den CNDie hat an senger Grupp 5 Matcher, 2x gouf verluer mais och 3x gewonnen. Insgesamt en flotten Tournoi!



Am Attachement fannt der e puer Fotoen.



Dan Castiglia, CNDiekirch