100 Joer Feier CTF Déifferdeng

30
Apr
30 Apr

Viru kuerzem hat d'Sektioun Déifferdeng vum CTF hir Generalversammlung an hirem Chalet an der Kondel a Präsenz vun der Madame Chantal Wirtz vun der Ligue an dem Här Claude Olten vun der Gemeng Déifferdeng.

E Scheck iwwer 1105 € aus dem Erléis vum Krautwësch 2025, ass un d'AEHDL (Association Enfants Handicapés du Luxembourg) iwwerreecht ginn.

D'Madame Martine Biever-Rollinger vun der AEHDL huet e grousse Luef ausgesprach un d'Sektioun fir déi Joerzéngtelaang Ënnerstëtzungen.

Duerno hat de Kommitee hir Memberen ob eng Feier zu hirem 100. Gebuertsdag invitéiert.

Mat engem gudde Maufel a Gebuertsdagskuch sinn e puer flott Stonnen zesumme verbruecht ginn.

Fir de Kommitee CTF Déifferdeng - Mauro Stefanetti