D’Majorettes de la Commune de Differdange blécken op eng laang an erfolgsräich Traditioun zréck, an där se iwwer vill Joer d’kulturellt Liewen an der Minettsgegend an doriwwer eraus geprägt hunn. E ganz besonnescht Markenzeechen vum Veräin war déi exklusiv weiblech Trommlerclique.
No méi wéi néng Joer war et elo erëm esou wäit: E beweegend an häerzlecht Konveniat gouf vu Sylvie Hentges, Linda Biasini, Sylvie Cavallini a Doris Kinnen op d'Been gestallt. Am Restaurant Boho zu Esch/Uelzecht sinn déi ehemoleg Majoretten – vu deenen eng Hellewull bis haut Frëndinne gebliwwen sinn – fir e gesellegen an onvergiesslechen Owend zesummekomm.
Bei beschter Stëmmung an engem leckeren Owesiesse sinn al Anekdoten an Erënnerungen un déi fréier Optrëtter erëm lieweg ginn. Et gouf häerzlech gelaacht, gemittlech erzielt a bis spéit an d'Nuecht era gefeiert.
An dëser gudder Gesellschaft ass awer och e Moment innegehale ginn: Mat groussem Respekt an Emotioun huet d'Ronn der Sonja Ries-Nilles geduecht, hirer laangjäreger Majorette a gudder Frëndin, déi Enn August vill zu fréi vun eis ass. Hir onvergiesslech Erënnerungen an déi gemeinsam Momenter um an niewent dem Parcours bleiwen am Häerz vun all den ehemolege Kolleginnen erhalen.