D'Schoul an d'Maison Relais Déifferdeng-Zentrum hunn e Mëttwoch hiert Fréijoersfest gefeiert. Am Virfeld hunn d'Kanner mat hiren Enseignantë schonn Optrëtter ageprouft a villes gebastelt, gebak, preparéiert...
Den Dag selwer goufen et niewent de Presentatioune fir d'Elteren, Famill a Kollegen, och Verkafsstänn an e Floumaart, Iessen a Gedrénks, a verschidden Ateliere fir d'Kanner : danzen, Zirkus, Spiller, bastelen, Facepainting, Geschichten erzielen, …
Den Erléis gëtt opgedeelt ënnert den Associatioune « Plooschterprojet » a « Make a Wish ».
Méi Detailer dozou fannt der op op https://plooschterprojet.wordpress.com/ an http://www.make-a-wish.lu/ .