Cäciliendag zu Déifferdeng

Caeciefeier Medailleverdeelung

E Sonnden, 13. November huet d’Chorale St François d’Assise vun Déifferdeng hiren traditionellen Cäciliendag gefeiert. Bei dëser Geleeënheet hu siewe Sänger wärend der Mass eng Auszeechnung vum Piusverband kritt: d’Bronzemedail fir d’Mme Luana Erpelding an d’Mme Monique Kass, d’Sëlwermedail fir d’Mme Jeanne Nizet-Heuschling, d’Mme Vanessa Valle an den Här Patrick De Rond, d’Goldplackett fir d’Mme Yvonne Wohl an d’Mme Carine Winandy-Hentges.