Checkiwwerreechung vun 950€ vun CTF Déifferdeng Asbl un d'AEHGD

Am Kader vun hirer Generalversammlung den 23 September 2023 an hirem Chalet 'Op der Kondel' huet d'Sektioun Déifferdeng vum Gaard an Heem e Cheque vun 950€ der Associatioun Aide aux Enfants Handicapés du Grand-Duché (AEHGD) iwwerreecht.

Den Erléis ass aus dem Krautwesch 2022 deen d'Sektioun all Joër organiséiert. E spezielle Merci un déi Leit déi eis hei ënnerstetzen, huet Trésorière Angelina Barazzutti ausgeschwat.

D'Gemeng Déifferdeng war durch d'Scheffen Fred Bertinelli an Jerry Hartung, an de Service Ecologique duerch den Här Lukas Masura vertrueden.

De Fred Bertinelli huet an senger Ried der Sektioun Hëllef versprach wat korrekt Déierenhaltung an de Gäerd ubelaangt. Desweideren huet hie seng Zouso fir d'Ernéierung vun de Weeër zur Gaardenanlag ginn.

Den neie Komitee huet sech em zwee weider Membere vergréissert wat de President Mauro Stefanetti begréisst.

Hien huet sengem ganze Komitee e spezielle Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi si dat ganz Joër zesummen geleescht hun.

Am Komitee 2023 sin: Barazzutti Angelina, Barazzutti Luigino, Genois Alain, Mariotto Giusy, Masura Lukas, Meyer Alain, Nobrega José, Rodrigues Isabel, Stefanetti Mauro, Theisen Guy.

Zum Schluss huet den President Jiddereen op eng kleng Agap invitéiert.