Generalversammlung Philatélia Déifferdeng

E Sonndeg den 12. Februar huet d'Philatelia Déifferdeng hir Generalversammlung an der Salle Polyvalent vun der Hall O.

Nodeems de President Michel Kirsch all Éieregäscht begréisst huet, gouf eng Gedenkfeier fir all verstuerwene Memberen ofgehalen. D'Sekretärin Sylvie Giannotte huet e klengen Iwwerbléck iwwer déi verschidden Aktivitéiten ginn, déi duerch d'Pandemie ganz limitéiert waren.

Dunn gouf de Keessbericht fir déi lescht 3 Joer virgestallt. Trotz engem Defizit op der Journée du Timbre d'lescht Joer ass d'finanziell Situatioun vum Veräin allgemeng nach gutt. D'Keessrevisoren hunn den Tresorier entlaascht a sinn och bereet, an engem Joer erëm de Keessevisit duerchzeféieren. D'Versammlung huet dem Comité fir déi lescht 3 Joer Decharge ginn.

Erneierung vum Comité, austriedend an zeréckwielbar waren Denise Hauck, Angèle Vlcek a Pierre Steffen. Eng nei Kandidatur gouf vum Susi Entringer agereecht. All goufen duerch Akklamatioun ugeholl.

Éieremedaillen goufen fir 20-30-40 Joer verdeelt

20 Joer: Jean Kolbusch

30 Joer: Nicolas Lentz

40 Joer: Jean-Pierre Faber, Pascal Hau a Jos Placidi

All Aussteller vun der Journée du Timbre 2022 kruten e Kaddo vun der POST an der FSPL.

Nodeems d’Éieregäscht Jos Wolff (FSPL) an Emile Espen (POST Philately) eng Ried gehalen hunn, ass d’Generalversammlung mat fräier Aussprooch an engem gudden Patt ofgeschloss gin.