D’Maisons Relais vun Déifferdeng, d.h. Déifferdeng-Zentrum, Fousbann, Nidderkuer, Uewerkuer a Woiwer, hunn de Projet « Kannerliicht » vun Unicef ënnerstëtzt.
An dësem Kader hunn d’Maisons Relais verschidden Aktivitéiten organiséiert fir Suen ze sammelen an Unicef ze ënnerstëtzen. Sou hunn d’Chrëschtfester stattfonnt, awer och Theaterstécker an Aktiounen, wou äis Kanner iwwert d’Aarbecht vun de Kanner an den Minnen am Congo opgeklärt goufen. Wéider Aktioune waren: d’Tombola selwer organiséieren, Kichelcher baken, Chrëschtdeko bastlen, a villes méi.
De Kaspertheater ass esou gutt ukomm, dass dëse Mount Enseignantë mat hire Klassen ungefrot hunn, dëst Stéck ant Maison Relais kucken ze kommen.
Duerch des Aktioun hunn äis Häiser en Erléis vun 3.302,52€ zesummekritt, woubäi an dësem Montant och nach 253€ vun der Vente vun DVDen a Broschüren vun dem „Vacances Loisirs 2010“ mat anbegraff sinn.
D’Kanner an d’Educateuren, déi sech engagéiert hunn, dës Aktioun nieft hiren alldeeglechen Aktivitéiten ze ënnerstëtzen, hunn an enger Kannerpressekonferenz de Léit dobaussen hir Aktioune méi nobruecht, andeems se hir Aktivitéite virgestallt hunn. Dës Konferenz huet dë 15. Februar 2011 um 15 Auer am Gemengerotssall vun der Gemeng Déifferdeng statt fonnt, wou och Representantë vun der Unicef präsent wuaren fir den Kanner an der Presse méi genau Detailer iwwert hiren Projet matzedeelen. An dësem Kontext huet dann och di offiziell Präisiwwerreechung vun äisem Erléis un d’Unicef statt fonnt.