3 Accidenter an 7 Deeg an der Gemeng Dippech

Allerhand Aarbecht haaten Pompjeeen aus der Gemeng Dippech an den läschten 7 Deeg. Et gouf direkt 3 Accidenter, waat eischter ongeweinlech ass vir dei fraiwelleg aus der Gemeng.

- 11,04,2012 : Meldung:" Accident mat engem Bewostlosem". Ob der Plaatz unkomm haat sech erausgestallt dass en Mann en Herzinfarkt während dem fueren gemaach haat, an, an eng Mauer gerannt war. Den Mann koum an Spidol

- 12,04,2012 : Massenkarambolage ob der Haaptstroos zu Dippech. Nierwt 2 Liicht Blesseierten gouf et och vill Materialschued bei den 4 Autoen, souwei en greisseren Stau am Berufstraffic.

- 14,04,2012 : En Auto war hei an eng Mauer gerannt. Den Gas war hänken bliwen, beim eraus fueren aus der Garage. Den Mann ass an en aaneren Auto gerannt deen vis-a-vis stoung, an schlussendlech erem iwert Stroos gefuer, ier en an eng Mauer gerannt ass. Den Mann haat just en Schock.

Den genauen Detail vun den Berichter kann een bei eis um Site noliesen.

www.sicd.lu