Allerhand ze din vir Pompjeeen aus der Gemeng Dippech

D´Joer 2012 hued vir Pompjeeen aus der Gemeng Dippech schon mat "aussergeweinlech" villen Asätz ungefang.

- 2 JANUAR: Eischten Asaatz vir 2012 moies geint 00:30 hr. Hei war duerch Loft eng Fenster vun engem Wantergaart obgeflunn, an konnt vun den Propriétairen net mei zou gemach gin.

- 3 JANUAR: Dippech gouf net vum Stuerm "Ulli" verschount. Hei war den Daach vun enger Veranda fortgeflunn. Dobai gouf och den Daach vum Haus beschiedegt.

- 5 JANUAR: No engem Daach ouni Asaatz hued den Stuerm "Andrea" eis net mat rou geloos.
No engem häfftegen Schlued an der Metesstonn, sin iwert Wisen, dei hannert dem Haus leien, grouss Waassermassen duerch den Gaart gelaaf, an dun duerch Kellerlucken an den Keller gelaaf. Betraf waren direkt 2 Haiser, dei nierwt eneen leien. Parallel gouf et ob eng dretter Plaatz och baal en iwerschwemmten Keller.
Domat awer net genuch. Owes gouf et do och nach en Feieralarm am Centre Culturel zu Dippech. Hei sollt sech awer erausstellen dass et sech em en Fehlalarm handlen geif.

- 6 JANUAR: 06:06hr, Auto an Brand..... Hei sollt sech awer ganz schnell erausstellen dass et en Accident ob der rte. de luxembourg zu Dippech gouf, bei deem wahrscheinlech Damp enstoung, wou den Airbag obgefuer war. Hei gouf keen Mensch verletzt.

Deemno en Start an Joer 2012 mat vill Aarbecht, an daat nodeems mir lescht Joer dei eischten Keier en Rekordjoer an punkto Asätz haaten. Hei hun mir dei eischten Kèier mei wei 100 Asätz gehaat. Daat sin der zimlech vill, wann een bedenkt dass Dippech knapp 3500 Awunner hued, sougudd wei keng Industrie, Autobunnen etc. an daat mat engem klengen Pompjeeescorp.

All weider Infoen an Asaatzberichter, besicht regelmeisseg eisen Site. :

WWW.SICD.LU