Camionnette a Brand

En Mann huet am Dippecherbierg geint 15:30hr festgestallt, dass aus dem Motoraum vu senger Camionnette Damp géif kommen. En ass stoen bliwwen an huet den Capot liicht opgemaach, fir ze kucken ob et géif brennen. Nodeems en kleng Flamen gesinn huet, ass hie mat der Camionnette bis an e Feldwee gefuer, huet d'Camionnette do an eng Wiss gestallt an se brennen gelooss.

Wei d'Dippecher Pompjeeën op d'Plaz koumen, stoung den ganzen viischten Deel an Flamen, konnt awer ganz séier geläscht ginn. Trotzdem konnt net verhënnert ginn, dass d'Camionnette just nach Schrottwäert huet. D'Ursaach vum Brand war wahrscheinlech eng defekt Mazoutsleitung.

D'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech ware mat 15 Mann ob der Plaz.