Kellerbrand duerch Wäschmachine

Kuerz viru Mëtternuecht um Samschdeg goufen d'Pompjeeën vun Dippech an d'3 Kantonstrooss geruff, wou an engem Keller eng Wäschmaschinn Feier gefaangen hat. Ob der Plaatz unkomm ass den dècken Damp zu den Fensteren eraus komm. Mat schwéierem Otemschutz gouf ungefaang bis zum Brandherd, vum " rez de chaussée" aus, vir ze rècken. Duerch den extremen Damp an relativ vill Saachen am Keller war daat awer net sou einfach. Am Keller unkomm gouf den Brand och sèier geläscht an Garagendier opgemach vir esou mettels Belefter ze beleften. Et gouf keen verletzt an et blouf um Enn dann awer just bei Materialschued.